Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

CAS Meeting International 2022

Och dëst Joer hun sëch ërem eng Reih Top Athleten zu Schëffleng gewissen.

Als Highlight sinn besonnech d’1500m vun de Männer ervirzehiewen, wou den Charel GRETHEN (LUX) mat neiem Meeting-Rekord an 3:36,94 sëch an exzellenter Verfassung gewissen huet an d’Course souverän vir sech entscheed huet. Den Charel huet virun heemechem Publikum d’Atmosphär vum Meeting siichtlech genoss.

Affaire a suivre an 2 Wochen op der EM zu München…

Weider Meeting Rekorder sinn opgestallt ginn:

  • Kugelstoussen Männer; Tomas STANEK (CZE) mat 21,94m
  • Perche; Tray OATES (USA) an Dominik ALBERTO (SUI) hun mat 5,60m den Meeting Rekord egaliséiert.

Weider lëtzebuerger Athleten woren den Bob Bertemes am Kugelstoussen mat 20,23m, d‘ Patrizia van der Weken iwwer 100m (11″50 an der Final) an d‘Vera Hoffmann iwwer 1500m an 4:20,15

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn um LIVE-PORTAL oder via PDF noozekucken

Flott Fotoen vum Meeting sinn hei ze fannen.

Esou en Meeting ze organiséieren bedéit ëmmer eng grouss Ustrengung vir den Veréin. Daat ass nëmmen méigelech mat der Hëllëf vun villen Fréiwëllegen an Jugen denen mer bei dëser Geleegenheet a ganz groussen MERCI wëllen soen !

Virtual Postlaaf 2022

Well och dëst Joer Corona-bedingt keen „realen“ Postlaaf konnt stattfannen, hun mer decidéiert beim virtuellen Postlaaf matzemaachen. Dobéi hun eng sëllechen Jonk Athleten mat hiren Elteren deelgeholl. Finalement konnten mir esou e schéinen Don un Caritas Lëtzebuerg maachen.

E grousse Merci un jiddwereen den matgemaach huet !


 

Meeting International 2021

Nodeems mer bedingt durch d’Corona Pandemie 2020 eisen Meeting International nët konnten ausriichten, hun dëst Joer ërem eng ganz Reih Top Athleten déi schon bei Welt- an Europameschterschaften souwéi Olympeschen Spiller Top Resultater bruecht hun de Wee op Schëffleng fonnt.

Dobéi sinn ërem eng ganz Reih Meeting Rekorder gefall:

– 100m Männer; Julian WAGNER (GER) an 10″11
– 400m Dammen; Armandine BROSSIER (FRA) an 52,49
– 800m Männer; Marc REUTHER (GER) an 1:44,71
– 1500m Dammen; Meraf BAHTA (SWE) an 4:08,33
– 1500m Männer; Simas BERTASIUS (LTU) an 3:39,81

Aus Lëtzebuerger Siicht ass am Kugelstoussen den Bob Bertemes ze nennen, den mat 21,70m zu aaler Stärkt ëremfonnt huet an den Concours souverän gewonnen huet.

Den Charles Grethen ass no sëngem Exploit bei den olympëschen Spiller zu Tokio iwwer 800m un den Départ gaang an huet an engem staarken Feld an 1:48,96 déi 7. Plaatz gemaach.

Iwwer 1500m bei den Fraen bleiwt d‘Vera Hoffmann ze nennen. D’Vera huet déi 12. Plaatz an 4:24,22 ereecht.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn um LIVE-PORTAL oder via PDF noozekucken.

Flott FOTOEN vum Meeting SINN HEI ZE GESINN.

Och dëst Joer hun ërem eng grouss Zuel vun Jugen an Fréiwellegen matgehollef dass och dëss Editoun en vollen Erfolleg ginn ass. Op dësem Wee wëllen mir iech all en ganz groussen MERCI soen.

Live-Portal powered by