Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats Nationaux des Jeunes indoor 2023

Op der Jugend-Championnat Indoor, den 14.01.2023,  an der Coque hun dem C.A.Scheffleng seng Athleten e puer Championstitelen erkämpft an och soss gut Resultater realiseiert.

2 Titelen gouf et fir Céline Calmes bei de Juniorinnen op 800m  2‘21“93 dat och eng Nei PB ass an op 400m 62“74

1 Titel fir Iris Foux bei de Cadetten op 800m 2‘21“87

1 Titel fir Laureen Schevers bei de Juniorinnen op 60m 08“50

Dei weider Resultater waren: 

  • Laureen Schevers 200m 28“15 bei de Juniorinnen
  • Nela Pütz 60m 8“63 an 200m 28“13 bei de Cadetten
  • Ravelino Costa 60m 7“82 an 200m 25“35 bei de Junioren
  • José Santos Carvalheiro 400m 59“46 bei de Cadeen
  • Ethan Borodkine 60m 8“18 an Weitsprong 4m79 bei de Minime Jongen
  • Chlecq Ilaria 1000m 3‘30“26 bei de Minime Medecher
  • Mara Schevers 1000m 3‘35“42 bei de Minime Medecher

Den C.A. Scheffleng feliciteiert hinnen alleguer fir hir Resultater an och fir den Asatz!

Och eisen Jugen dei Haut am Asatz waren en Grousse Merci !!!!

 

weider Resultater fannt dir ennert desem Link : Resulater Championnats Nationaux des Jeunes indoor 2023

 

Cross 4 – CAPA 2022

Beim leeschten Cross fir d’Joer 2022 war den Depart zu Ettelbreck op den Daichwissen.
Dësen Cross konnten mir als Veräin vill Podiumsplazen ergatteren.

2. Plaz

  • CALMES Céline bei den Junior fém.
  • BAUM Maeva bei den Espoir fém.
  • SCHMIT Ben bei den Espoir masc.

3. Plaz

  • WELTER Marie bei den Débutantes fém.

Hei fannt der all d’Resultater vum Cross:

PDF: Cross 4 CAPA PDF
Seltec : Cross 4 CAPA Seltec

Cross 3 – CSL 2022

Den 3ten Cross vun der Saison vum CSL war am Bambësch. Dëst mat e puer Ännerungen um Parkour duerch d’Ëmbau Aarbechten vun der Spillplaz.
Eis Athleten hunn sech awer och dëst Kéier gutt aus der Affär gezunn mat gudden Platzeierungen.

Hei fannt der all d’Resultater vum Cross:

PDF: Cross CSL PDF
Seltec : Cross CSL Seltec