Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Stage Freudenstadt 2023

Sonndes Moies hu mir eis scho ganz frei mam Bus op de Wee gemaach fir op Freudenstadt
an de Champions-Park ze fueren. Ënnerwee war d’Wierder net immens, awer all eis 22
Athleten a 4 Trainer, souwéi Member vum Comité hunn sech op e flotte Stage gefreet.
Dohannen ukomm hu mir eis direkt installéiert an et ass lass gaang mam Training. Di kleng
esou gutt wei di grouss hunn sech déi ganz Woch iwwer gutt dru gin, fir
hier Leeschtungen optimal ze verbesseren.

Vu Wäitsprong, Speerwerfen, Héichsprong an Ballscheisse war alles dobäi. Mee natierlech
ass de Fokus ëmmer um Lafen bliwwen. Eis Sprinter hunn intensiv un hirer Vitesse geschafft
an eis Mëttelstreckeleefer hu vill Kilometer hannert sech geluecht fir hier Ausdauer
ze fërderen.

Owes hu mir eis an der Equipe ëmmer gutt amuséiert, andeems mir Gesellschaftsspiller, wei
Loup-Garou oder Uno gespillt. Mir hunn awer och zesummen Fussball gekuckt an vill
gelaacht.

Als Ofschloss vun dengem gelongene Stage hunn Traineren vun den Debutants an Scolairen
een Interne Meeting organiséiert wou all Athlet säin Kennen beweisen konnt. Jiddereen huet
sech gutt dru gin an sech vu senger beschter Säit gewisen.
Ier mir Heem gefuer si, kruten eis Athleten nach all eng gutt Glace als Belounung
fir hire gelongenen Stage, och wann d’Wierder net grad dat richtegt war, well et vill
ze kal war.

Mir sinn all mat flotten Erfarungen, vill Amusement, neie Frënn, enger Woch
mat kalen Temperaturen awer vill Sonn erëm gutt um Schëfflenger Bierg ukomm.

CROSS-CHAMPIONNAT 2023

CROSS-CHAMPIONNAT 2023 zu Bieles um Galgebierg den 04.03.2023

 

Den C.A.Schëffleng war gutt vertrueden op der Cross-Championnat zu Bieles.

Et goufen och eng Partie gutt Resultater vun eisen Athleten realiséiert.

Eraus ze hiewen déi zwee Podiumen :

     3. Platz bei den Scolaire Meedercher vum Kendra Halsdorf

     3. Platz bei den Espoir Meedercher vum Maeva Baum

Hinnen zwee an och all den aneren Athleten di den C.A.Schëffleng op dësem Cross-Championnat 

vertrueden hunn en Groussen Merci am Numm vun eisem Comité.

 

Vun dëser Platz aus och en Groussen Merci un Jugen, Trainer, Athleten an soss Verantwortlecher vum C.A.S. fir den Asaz vun dëser laanger Wantersaison an der Coque an och den Crossen.

Den Comité vum C.A.Schëffleng

 

Hei fannt der all d’Resultater vum Cross:

PDF: Cross Championnats Nationaux CAB PDF
Seltec : Cross Championnats Nationaux CAB Seltec