Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Neien 100m Landesrekord vum Tiffany zu Rehlingen (D)

Waat sech schons déi lescht Méint ugedeit huet ass elo Realitéit ginn:

Beim Pfingstsportfest 2014 zu Rehlingen (D) (organiséiert vum LC Rehlingen) huet d’Tiffany en neinen 100m Landesrekord an der offizieller Zéit vun 11″68 opgestallt !

Dobéi konnt hat den 22 Joer aalen Landesrekord (opgestallt 1992 vum Véronique Linster) ëm 8/100 verbesseren.

D’Offiziell Resultater vum Meeting kann een hei fannen.

Felicitatiounen vum ganzen CAS !