Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats epreuves multiples

Dësen Weekend woren d'Championnats Epreuves Multiples (Mehrkampf)
am Stade op Flohr zu Grevenmacher (org. CAEG)

Bei den Meedecher haaten mir d'Buschgens Emilie (minimes) an d'Taschler Lynn (cadettes)
um Start. Bei den Hären konnten mir leider keen Athlet stellen.

D'Emilie konnt sech mat 3412 Punkten als éischt ënnert 7 Konkurentinnen durchsetzen.
D'Lynn huet mat 3622 Punkten déi 2. Plaatz ënner 5 Athletinnen ereecht.

Eis Félicitatiounen vir dës excellent Platzéierungen.

D'Resultater kann en hei fannen.


Coupe des Dames / Coupe du Prince

Dësen Weekend wor d'Editioun 2014 vun der Coupe des Dames (um Celtic)
an der Coupe du Prince (um CSL).

Bei den Dammen hun mir do mat 2858 Punkten déi 7. Plaatz vun 9 Equipen ereecht.
Leider muss een soen dass mer nëmmen mat 3 Athletinnen um Start waren, waat natirlech
e bessert Resultat onméiglech gemaach huert. D'Endresultater kann en hei fannen.


Ons Hären sinn do méi staark opgetrueden. Mier waren an der Laag bis op den Stabhéichsprong
an allen Disziplinen en Athlet ze stellen (am ganzen 10 Athleten). Ervierzehiewen bleiwt eng
Participatioun iwwer 110m Hecken vum Bebon Quentin; eng Disziplinn op der schon zënter laang
Joeren keen CAS Athlet méi ugetrueden ass. Finalement ass eng 6. Plaatz (13169 Punkten) ënnert 9
Equipen erauskomm. D'Endresultater kann en hei fannen.


Championnats individuels des jeunes zu Dikkrech

Leschten Weekend bei den Championnats individuels des Jeunes zu Dikkrech (org. CAPA) woren eng Reih vun onsen Athleten am Asaatz:

  • Am Wéitsprong bei den Minimes Jongen ass den Pablo Schwickert mat 4,23m op der 14.ter Plaatz geland.
  • An der 100m Finale bei den Cadets Jongen ass den Tim Munhoven an enger Zéit vun 12,11s den 5.ten ginn.
  • Am Wéitsprong bei den Junior Jongen huet den Luc Hensgen eng 2. Plaatz gemaach.
  • An der 100m Finale bei den Minimes Meedecher huet Kany Touré an enger Zéit vun 13,10 déi 3ten Plaatz erreecht.
    An der selwechter Course ass d'Claire Hoffmann an 13,76s daat 4. ginn.
  • An der 800m Cadet Jongen Finale konnt sech den Andrea Baratte an 1:59,85s als éischten durchsetzen.
  • Am Speerwurf bei den Minimes Meedecher huet d'Emilie Buschgens mat 31,07m am wéitsten geworf.
  • Am Wéitsprong bei den Minimes Meedecher ass den d'Claire Hoffmann mat 4,49m op der 4.ter Plaatz geland.
  • Am Kugelstoussen bei den Minimes Meedecher huet d'Emilie Buschgens mat 11,49m am wéitsten gestouss.
  • Iwwer 80m Hecken bei den Minimes Meedecher ass d' Kany Touré an 12,70s daat 1. ginn; d'Emilie Buschgens an 13,50s daat 3. an d'Claire Hoffmann an 15,73s daat 9.
  • Am Héichsprong bei den Juniors Jongen ass den Quentin Bebon mat iwersprongenen 1,80m den 2. ginn.
  • Iwwer 400m bei den Junior Jongen huet den Luc Hensgen an 53,15 déi 5. Plattz erreecht.
  • Iwwer 1500m bei den Cadet Jongen ass den Raphaël Remy an 4:46,75 den 4. ginn.
  • Am Diskus bei den Minimes Meedecher huet d'Emilie Buschgens och do an 35,48m am wéitsten geworf.
  • Iwwer 800m bei bei den Cadettes huet d'Lynn Taschler an 2:29,75s eng 2. Plaatz gemaach.

Bleiwt ze soen daas sech d'Bedeelegung insgesamt bei virun allem Samsdes ganz schlechtem Wieder dach an Grenzen gehaal huet.

All d'Resultater sinn hei ze fannen.