Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

FLA championnats nationaux indoor 2015

Um éischten Daag vun den nationalen Indoor Meeschterschaften hun sech eis Athleten an gudder Form gewissen:

Am Héichsprong bei den Dammen konnt sech d‘Elodie Tshilumba mat iwwersprogenen 1,80m den Titel sëcheren. Mat 1,80m huet hat och en neien Indoor Landesrekord opgestallt.

Am Wéitsprong bei den Hären huet den Yoann Bebon mat 7,06m déi éischten Plaatz gemaach.

Iwwer 60m huet den Yoann sech mat der beschter Virlaafzéit (7″07s) vir d’Final qualifizéiert.

Iwwer 1500m huet den Andrea Baratte an 4:00,49s déi 3ten Plaatz beluecht.

Iwwer 60m Hecken bei den Dammen ass d‘Kany Touré an 9″71s daat drëtt ginn.

Iwwer 60m an 200m bei den Dammen huet d‘Tiffany Tshilumba jeweils d’Final errecht.

Mat 7″44s huet d’Tiffany dobéi séin eegenen 60m Landesrekord egaliséiert.

Weider um Start vir den CA woren:

Hensgen Luc (400m, 53″07 (9)), Remy Raphael (1500m, 4:40,42 (10)), Touré Kany (60m, 8″47)

an Tim Munhoven (60m, 7″67s).

Den 2ten Daag huet gahaal waat den éischten Daag versprach huet:

Iwwer 200m bei den Dammen huet sech d‘Tiffany Tshilumba mat engem neien 200m Rekord an 24″03s durchgesaat. Och iwwer 60m huet d’Tiffany an 7″49s déi éischte Plaatz gemaach.

Am Héichsprong bei den Hären huet den Quentin Bebon an engem äusserst spannenden Concours just knapp déi drëtt Plaatz verpasst (1,94m mat just méi Fehlversich)

Iwwer 800m bei den Hären haten mer den Andrea Baratte an den Hensgen Luc um Start.

Den Andrea gët drëtten an 1:56,74; den Luc kënnt als 6ten durch d’Ziel an 1:57,78.

Félicitatiounen vir dës staark Resultater.

All d’Resultater vum Championnat Indoor kann een hei fannen.


 

Karin Schank nei Marathon Championne

Beim dësjähregen Frankfurt-Marathon (D), den als Lëtzbuerger Marathon Meeschterschaft gewert gin ass, konnt d'Karin Schank als schnellst Lëtzebuergerin iwwer d'Ziel laafen.
Domat ass d'Karin néi Lëtzebuerger Marathon Championne !

D'Karin huet dobéi an enger Endzéit vun 02:58:08 (netto) eng néi perséinlech Beschtzéit opgestallt !

Félicitatiounen vum ganzen CAS vir dës exceptionell Leeschtung !

Detailer zum Event sinn hei ze fannen; d'Resultater sinn hei ze gesinn.


Championnats epreuves multiples

Dësen Weekend woren d'Championnats Epreuves Multiples (Mehrkampf)
am Stade op Flohr zu Grevenmacher (org. CAEG)

Bei den Meedecher haaten mir d'Buschgens Emilie (minimes) an d'Taschler Lynn (cadettes)
um Start. Bei den Hären konnten mir leider keen Athlet stellen.

D'Emilie konnt sech mat 3412 Punkten als éischt ënnert 7 Konkurentinnen durchsetzen.
D'Lynn huet mat 3622 Punkten déi 2. Plaatz ënner 5 Athletinnen ereecht.

Eis Félicitatiounen vir dës excellent Platzéierungen.

D'Resultater kann en hei fannen.