Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Crosschampionnat um Bierg

Hei sinn d’Resultater vum Crosschampionnat den mir dëst Joer zu Schëffleng organiséiert hunn.

Virun allem bei den Hären woussten mer ze iwwerzeegen; am Equipenklassement konnten mir eng exzellenten 2. Plaaz errechen.

Besonnnech ass eng éischten Plaatz vum Andrea Baratte bei den Junioren ervirzehiewen.

Félicitatiounen vir dëst excellent Resultat.

Hei sinn all d’Resultater als PDF Dokument

Photoen vum Cross kann en hei fannen (Photoen vum Mike Poth).

Um Site vun der FLA fënnt een och vill Photoen zum Cross.

Mir wëllen och all eisen Benevolen en groussen Merci soen. En Cross ze organiséieren ass ëmmer eng grouss Ustrengung. Ouni den fräiwellegen Asaatz vun villen Leit wier et nët méigelech esou eng Manifestatioun op d’Been ze stellen.


13. VECTIS Indoor Meeting

Beim 13. Vectis Indoor Meeting an der Coque woussten d'Tshilumba Sisters op ganzer Linn ze iwwerzeegen:

Iwwer 60m huet d'Tiffany an den Virleef mat 7"41 ugedéit dass hat ërem an exzellenter Form ass.
An der Final huet d'Tiffany dunn mat 7"39 séin Landesrekord op en neits kënnen verbesseren.
Mat der Zéit vun 7"39 huet d'Tiffany och den Tiquet vir d'Indoor-Europameeschterschaften zu Prag (6-8 März) geléist!

Och d'Elodie wousst an der Héichsprong Dammenkonkurenz ze iwwerzeegen:
Mat iwersprongenen 1,84m konnt hat séin eegenen Landesrekord op en neits ém
gléich 4 cm no uewen schrauwen…


Félicitatiounen vir dës grandios Leeschtungen !

Detailer zum Event sinn hei ze fannen; d'Resultater sinn hei ze gesinn.


Laanglaf um Bierg

Super flotten Owend zu Schëffleng. Spontan hu sech eng 14 Langlaafbegeeschtert getraff fir zesummen e puer Ronnen ze dréinen während  50 Minuten.

D’Equipen:caslanglauf1

Christan Laplume / Patrick Ney               33 Ronnen

 Pierre Weimerskirch / Hensgen Luc      30 Ronnen

Christan Krombach / Jhemp Ernzen      28 Ronnen

Pol Flesch / Antoine Mores                       28 Ronnen

 Pascal Jentges / Raphael Jentges           28 Ronnen

Hensel / Gretel                                            28 Ronnen

Martine Schmitt / Pierre Hensgen          20 Ronnen

Merci dem CA Schëffleng fir d Ennerstetzung bei sou enger Inititativ.