Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats de Relais

Bei den championnats de relais déi mier dëst joer um
Bierg organiséiert hun, hun mier insgesamt CAS_Champ_Relais8 Staffelen gestallt.

Dobéi konnten mir och eng Rei Podiumen errechen:

  • eng 1. Plaatz iwwer 4 x 100 bei den Minimes masculins
    (FONZI Luca, BRUNETTI Luca, PESCH Travis, HUTLET Gaëtan)
  • eng 1. Plaatz iwwer 3 x 1000 bei den Juniors masculins
    (REMY Raphaël, HENSGEN Luc, VICTOR Stéphane)
  • eng 3. Plaatz iwwer 3 x 1000 bei den Minimes masculins
    (FONZI Luca, BRUNETTI Luca, FERNANDES DE SA Sacha)
  • eng 3. Plaatz iwwer 4 x 100 bei den Juniors masculins
    (MUNHOWEN Tim, HENSGEN Luc, SCHWARTZ Bob, VICTOR Stéphane)
  • eng 3. Plaatz iwwer 4 x 400 bei den Juniors masculins
    (MUNHOWEN Tim, VICTOR Stéphane, HENSGEN Luc, REMY Raphaël)

Desweideren haaten mir nach um Start:

  • eng 3 x 800 Minimes féminins (Plaatz 6)
    (DREISBACH Marie, KAUFFMANN KIEFFER Julia, BARTHELS Maïté)
  • eng 4 x 100 Minimes féminins (Plaatz 5)
    (KAUFFMANN KIEFFER Julia, HEINEN Chris, BARTHELS Maïté, DREISBACH Marie)
  • eng 3 x 1000 Seniors masculins (Plaatz 4)
    (HOFFMANN Steve, HENSGEN Gilles, HANSEN Kevin)

D’Endresultater kënnt dir hei fannen.

Och e grousse Merci un all d’Benevolen déi eis gehollef hun dës Championnat ze organiséieren.


Gilles Hensgen neien 3000m Steeple Champion

FotoGilles3

Bei den 3000m Steeple Landesmeeschterschaften zu Diddelëng konnt sech den Gilles Hensgen den Landesmeeschtertitel bei den Espoiren sëcheren !

An enger Zéit vun 12:37,48s konnt sech den Gilles bei den Espoiren durchsetzen.

 

Felicitatiounen vum CAS !


Championnats Interclubs

Dësen Weekend woren d’Championnats Interclubs zu Dikkrëch (org Celtic/FLA)

Leider konnten mir do weder bei den Dammen nach bei den Hären am Equippenklassement iwwerzeegen. Bei den Dammen sinn mer déi 9. ginn; bei den Hären sinn mer nët iwert eng 8. Platz erauskomm. Dëst as natierlech durch déi geréng Unzuel vun Athleten déi mer um Start haaten ze erklären.

Trotzdem haaten mer dach eng Reih gudd Eenzelperformancen:

  • D‘ Kany Touré huet iwwer 100m Hecken an 15″25 en neien Clubrekord opgestallt.
  • Hat huet dobéi den aalen Rekord iwwert eng Sekonn verbessert !
  • D‘ Emily Buschgens huet an der Kugel seng Bestleeschtung op 10,72m gesteigert an ass elo daat 4. am Clubranking
  • Den Yoann Bebon huet iwwer 100m mat 11″08 gewisen dass mat him ërem ze rechnen ass
  • Den Luc Hensgen huet iwwer 400m an 51″38 seng Bestleeschtung verbessert
  • Den Andrea Baratte huet iwwer 800m an 1’56″24 eng nei perséinlech Bestleeschtung opgestallt
  • Den Raphael Remy huet iwwer 1500m an 4’33″75 och eng nei Bestleeschtung gemaach.

D’Resultater kann en hei fannen.