Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats Individuels 2015

Leschten Weekend woren am Stade op Flohr zu Grevenmacher déi dësjähreg
national Eenzelmeeschterschaften bei den Dammen & Hären.

Dobéi konnten mir virun allem bei den Hären e puer Podiumen mathuelen:

Den BEBON Yoann konnt sëch gléich 2 mol den Landesmeechtertitel sëcheren:
Iwwer 100m wor de Yoann mat 11,01s den séiertsten; och am Wéitsprong konnt
de Yoann sech mat 6,49m durchsetzen.

Iwwer 800m bei den Männer haaten mir gléich 2 Eisen am Feier:
Den HENSGEN Luc konnt an 1:59,29s sëch déi 2. Plaatz sëchern,
knapp virum BARATTE Andrea mat 1:59,35s

Iwwer 1500m huet den BARATTE Andrea an 3:59,98s eng 2. Plaatz beluecht.

Weider haten mir bei den Hären um Start:

Den REMY Raphael iwwer 800m als 8. an 2:11,09s
Den BEBON Quentin am Héichsprong als 6. mat iwwersprongenen 1,80m
(Dobéi ass ze soen dass den Héichsprong e bessi ënnert dem staarken Wand gelidden huet)

Bei den Dammen haten mir leider nëmmen 2 Athleten um Start:

D‘ ROSSI Sandrine iwwer 100m als 6. an 13,23s.
Bei den Espoirs iwwer 100m huet d’Sandrine déi 2. Plaatz beluecht.
D‘ THOMAS Melissa iwwer 800m als  5. an 2:38,86s

D’Resultater sinn hei ze fannen.


2015 Baku European Games

Bei den éischten European Games zu Baku (Aserbaidschan) hun gléich 3 vun onsen Athleten d’Lëtzebuergesch Equippe verstärkt:

TiffanyTshilumbaFace D‘Tiffany Tshilumba wor gléich 3 mol um Start:

  • Iwwer 100m huet hat mat enger Zéit vun 12,03s déi 5. Plaatz am Generalklassement belucht.
  • Och iwwer 200m huet d’Tiffany an enger Zéit vun 24,58s eng 5. Plaatz gemaach.
  • Eis 4x100m Staffel ass leider nët am Ziel ukomm.
ElodieTshilumbaFace  D‘Elodie Tshilumba wor am Héichsprong am Asaatz:

  • Ënner 12 Konkurentinnen huet d’Elodie mat 1,78m déi 5. Plaatz ereecht.
YoannBebonFace  Den Yoann Bebon wor 2 mol um Start:

  • Am Wéitsprong huet den Yoann mat 6,81m déi 9. Plaatz beluecht.
  • Mat der 4x100m Staffel huet den Yoann an 42,54s eng 9. Plaatz gemaach.

All Detailer zu den European Games zu Baku kann en hei fannen.


Ons Athleten am Asaatz

Iwwert de Weekend woren e puer vun onsen Athleten am In- an Ausland am Asaatz:

Virun allem ervirzehiewen ass d’Performance vum Kany Touré; bei engem Meeting zu Montbéliar (F) ass d’Kany iwwer 100m Hecken an 14,34s iwwer den Zielstrëch galaaf. Domat huet hat sëch vir d’IAAF World Youth Championships (15.-19. Juli an Kolumbien) qualifizéiert! Bravo!

Bei engem Meeting zu Watermael-Boitsfort (B) huet d’Emilie Buschgens am Kugelstoussen (3kG) eng Wéit vun 13,85m erzielt.

Zu Gréivenmaacher bei engem Meeting ouvert courses haaten mer dës Leit um Start:

600m juniors/espoirs/seniors masculins:
1. Plaatz – Hensgen Luc  an 1‘23“15
2. Plaatz – Baratte Andrea an 1‘23“41

600m juniors/espoirs/seniors féminins:
1. Plaatz – Thomas Melissa an 1‘42“86

300m minimes/cadettes féminins:
4. Plaatz – Kauffmann Julia an 46“18