Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats Nationaux de Marathon

Bei den nationalen Meeschterschaften am Marathon zu Iechternach woussten 2 CAS Athleten op ganzer Linn ze iwwerzeegen. Vir d’éischte kéier an der Veréinsgeschicht vum CA Schëffleng konnte mir bei den Damen wéi och bei den Hären den Champion stellen:

Bei den Damen konnt sech d‘Karin Schank an enger Zéit vun 2:57:26 den Championstitel sëcheren.

Och bei den Männer huet den Pierre Weimerskirch an 2:35:07 den Championstitel geholl.

Eis Felicitatiounen vir dës exzellent Leeschtungen !


Championnat National Semi-Marathon / Route du Vin

Bei den nationalen Meeschterschaften am Hallefmarathon am Kader vun der Route du Vin hun 2 CAS Athleten ganz staark Leschtungen gewisen:

Bei den Damen konnt sech d‘Karin Schank an enger Zéit vun 1:22.43 den Vize-Championstitel sëcheren.

Bei den Männer huet den Pierre Weimerskirch an 1:12.55 déi 3. Plaatz am Championnat errecht.

Och am Equippenklassement bei den Männer konnten mir eng gudd 4. Plaatz maachen.

Eis Felicitatiounen vir dës staark Leeschtungen !

D’Resultater zur Route du Vin an zum Championnat kann en um Site vum Event fannen.
Eng ganz Reih Photen zur Route du Vin sinn he ze gesinn.


Coupe des Dames / Coupe du Prince

Dësen Weekend woren d’Coupe des Dames (Dikkrech org. Celtic) an d’Coupe du Prince (Stade Josy Barthel org. CSL) um Programm.

Bei den Damen konnte mir leider nët ganz iwwerzeegen. Do sinn mir mat 1703 Punkten leider nët iwwert déi 9. an lescht Plaatz erauskomm. Dëst ass virun allem eiser schwaacher Bedeelegung geschold. Hei bleiwt sëcher déi nächst Joeren en Effort ze maachen.
Um Start vir den CAS woren:
KAUFFMANN-KIEFFER Julia, DREISBACH Marie, HEINEN Chris an BARTHELS Maïté.

Bei den Männer woren mir do schon besser opgestallt. Hei konnten mir mat Aussnahm vun der Perche an allen Disziplinnen eng Equipe bzw. en Athlet stellen. Erauskomm ass dobéi mat 13730 Punkten eng gudd 5. Plaatz; mat ronn 700 Punkten nët allzewéit vum Podium ewech.
Vir ons Faarwen woren um Start:

BARATTE Andrea, BEBON Quentin, BURGER Eric, FERNANDES DE SA Sacha, FONZI Luca, GARCIA MARTINS Tony Mickael, HENSGEN Luc, HENSGEN Gilles, HOFFMANN Steve, PAULUS Joel, PESCH Travis ,REMY Raphaël, VICTOR Stéphane, VICTOR Maxim an WEIMERSKIRCH Pierre.

Gruppenbild2

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Resultater vun der Coupe des Dames kann en hei fannen.
D’Resultater vun der Coupe du Prince kann en hei fannen.