Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnat Indoor 2024 – Coque

De leschte Weekend hunn d’Athlete vum C.A.Schëffleng gutt Resultater um Nationalen Indoor Championnat an der Coque realiséiert.

Op den 800m bei den Häre konnt de Mathis Espagnet de Championstitel féieren. An der selwechter Cours huet den C.A.S. et fäerdeg bruecht de Podium duerch de Jory Teixeira als 2ten an de Luc Hensgen als 3ten ze besetzen.

Och ob de 60m Senior woussten eis Athleten ze iwwerzeegen. Den Nikita Martynov gëtt mat perséinlecher Beschtzäit Vize-Champion. Komplettéiert gëtt dëse Podium vum Luc Dostert als 3ten.

Ob de 400m Damen wei och bei den Häre gouf et 2x eng 3te Platz. Bei den Damen duerch d’Iris Foux a bei den Häre duerch de Luc Hensgen.

Dat selwecht ewéi op de 400m Hären, sollt dem Luc Dostert och nach ob den 200m Häre gelénge wou hien déi 3te Platz beleet.

Virun e puer Wochen um Regio 4 an der Coque konnt eis Häre Staffel (Ravelino Costa – Luc Hensgen – Luc Dostert – Ben Schmit) hire Vize Championstitel vum leschte Joer op de 4x200m Verdeedegen.

Den C.A.S. ass houfreg ob des Resultater a bedankt sech bei all den Athleten déi bei dëse Meeschterschaften un de Start gaange sinn.

Weider Resultater kennt dir ënnert dësem Link fannen Details – SELTEC Sports LA-Portal (laportal.net).

Ausserdeem soe mir eise Jugen an deene villen Supporter vum Veräi wou Tatkräfteg gehollef hunn oder eis Athleten ugefeiert hunn ee grousse Merci.

De Comité vum C.A.S.

 

Weider Fotoen fannt dir enner https://flaphoto.net/photogallery/

 

Schei Feierdeeg an ee gudde Rutsch ant Joer 2024

De Cercle Athletique Schifflange wënscht jidderengem schei Feierdeeg an ee gudde Rutsch an dat neit Joer.
Dobäi wënsche mir all eisen Athlete vill Erfolleg a néi Beschtleeschtunge.

The Cercle Athletique Schifflange wishes everyone happy holidays and a happy new year.
We wish all our athletes every success and new achievements.

Le Cercle Athlétique Schifflange souhaite à tous de joyeuses fêtes et une bonne année.
Nous souhaitons à tous nos athlètes beaucoup de succès et de nouvelles réalisations.

 

E grousse Merci un d’Benevolen an Sponsoren

20. Meeting International – 30.07.2023

Am Numm vum Club, wëllen mir all deenen Benevole MERCI soen, déi eis iwwert déi Deeg ënnert Äerm gegraff hunn.

Och all eisen Sponsoren een groussen MERCI fir är Ënnerstëtzung, fir dass et och dëst Joer zu engem groussen Erfolleg konnt ginn, mat villen Rekorder.

Ouni iech all kéinten mir dësen groussen an besonneschen Meeting net op Been setzen.