Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Euregio TEAM-CHALLENGE Düren

Dëst Joer hun mir beim Euregio Team Challenge zu Düren (D), engem internationalen Equippenwettkampf mat Equippen aus Déitschland, Holland, Frankréich, Lëtzebuerg an der Belsch deelgeholl.
En flotte Meeting wou Athleten vun Débutants bis Seniors konnten matmaachen.
Insgesamt en gelongenen Daag wou mir eng 5. Plaatz am Equippeklassement errecht hun.

Hei en Link bei den TV Obermaubach mat Resultater an Fotoen.
Hei e puer Fotoen déi vun eis geschoss si ginn: (Google Drive)


Championnats Epreuves multiples 2016

Leschten Weekend hun mier d’Championnats Epreuves multiples (Mehrkampfmeeschterschaften) bei eis um Bierg organiséiert.

Bei den Espoirs masculins konnt sech den Luc HENSGEN den Titel mat 4909 Punkten sëcheren.

Bei den Cadets huet den Gaëtan HUTLET mat 4803 Punkten eng 2. Plaatz gemaach.

Bei den Cadettes huet d‘Emilie BUSCHGENS mat 3604 Punkten déi éischt Plaatz gemaach, virum Kany TOURÉ mat 3567 Punkten.

Eis Félicitatiounen vir dës Performancen !

Béi dëser Gelegenheet wëllen mir och all eisen Benevolen en groussen Merci soen vir hieren Asaatz den ganzen Weekend.

Meeting Resultater   (pdf)
Photoen zum Event: (Google Drive)


Meeting International 2016

Och dëst Joer woren bei onsem Meeting International ërem eng Reih staark Performancen ze gesinn. Den Highlight vum Meeting woren zweifellos d’800m Leef bei den Dammen an den Hären:

Bei den Hären wor den amtéierenden Vize-Europameeschter iwwer 800m, Marcin Lewandowski (POL) um Start. Hien konnt sech dann och duerchsetzen géint onsen Rio Olympionique Charles Grethen den sech an enger ganz couragéiser course als 2. konnt behaapten.

Och bei den Dammen en ganz staarken Plateau mat der aktueller Europameeschterin iwwer 1500m, Angelika Cichocka (POL) déi sech mat neiem Meeting Rekord an 2:04,53s konnt durchsetzen. Och hei mam Charline Mathias eng lëtzebuerger Rio Teilnehmerin um Start; d’Charline konnt sech um Enn eng 4. Plaatz sëcheren.

Eng Reih weider Meeting-Rekorder sinn nach gefall:
Iwwer 100m an 200m bei den Dammen huet Lorene Dorces Bazolo (POR) mat 11,39s bzw. 23,20s en neien Rekord opgestall. Bei den Männer huet den Everton Clarke (JAM) iwwer 100m an 10,21s den Rekord gebrach.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn hei ze fannen.

Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all den Jugen an Fréiwellegen en dëcke Merci soen; ouni dësen Asaatz wir et nët méiglech sou en Meeting duerchzezéihen.

Eng ganz Reih Fotoen vum Meeting sinn hei ze gesinn. Och hei en grousse Merci un eis Photografen.

Ob dir bei eiser Tombola gewonnen  hutt, kënnt dir hei gesinn.