Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Challenge Tageblatt Indoor 2 / Kidscup

Hei fannt dier d‘Resultater vum Challenge Tageblatt 2 Indoor (an der Coque) den mir zesummen mat der FLA organiséiert hunn.

Moies haten mir an der Coque och en Kidscup organiséiert wou ronn 200 kleng Noowuesathleten (21 Equippen) deelgeholl hunn. Hei e puer Fotoen vum Kidscup: (Google Drive). Weider Fotoen sinn um Site vun der FLA zë fannen.

Insgesamt hun mir un dësem Dag iwwer 600 Kanner encadréiert (ronn 400 um Tageblatt). Daat ass natierlech nëmmen méiglech mat der Hëllef vun villen Fréiwellegen.

Dovir wëllen mir op dëser Plaatz all den Jugen an Fréiwellegen en grousse Merci soen vir hiren Asaatz. Nëmmen durch dësen Asaatz ass et méiglech sou eng Manifestatioun mat Erfoleg durchzezéihen.

Also, en ganz groussen Merci vum CAS !


E gudd neit Joer 2017 gewënscht…


 
Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all eisen Benevolen vir är Ënerstëtzung Merci soen, an hoffen dass mer och 2017 op Iech kënnen zielen.

An dësem Sënn, e gudde Rutsch !


Championnats Nationaux de Marathon 2016

Bei den nationalen Meeschterschaften am Marathon zu Iechternach konnten mir wéi och schon d’Lescht Joer den Champion bei den Dammen stellen:

Nodeem Fabienne Gehlen seng staark Form schon bei der Route du Vin ënner Beweis gestallt huet, konnt sech d’Fabienne an enger Zéit vun 3:05:53 den Championstitel sëcheren.

Eis Felicitatiounen vir dës exzellent Leeschtung !

Marathon Resultater   (pdf)