Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats Individuels 2017

Leschte Weekend hun mir d’Landesmeeschterschaften um Bierg ausgeriicht.
Den Comité vum CAS seet allen Memberen, Fréiwëllegen an Jugen déi eis während denen 2 Deeg
mat hirem Asaatz ënnerstëtzt huen en ganz groussen MERCI.

Op sportlëchem Plang hun mir eng Reih flott Resultater opzeweisen. Leider haaten mir virun allem bei den Dammen nët an all Disziplinn eis beschten Leit um Start, soss wär d’Resultat sëcher nach besser ausgefall.

Resultater Dammen:
Am Kugelstoussen huet BUSCHGENS Emilie mat 11,31m déi 2. Plaatz ereecht. Am selwechten Concours ass d‘RAUSCH Florence mat 10,01m daat 6. ginn.

Am Diskus ass d‘RAUSCH Florence daat 2. (31,63m) an d‘BUSCHGENS Emilie daat 3. ginn (31,37m).

Am Speer bei den Dammen ass d‘RAUSCH Florence daat 4. (32,05m) an d‘BUSCHGENS Emilie daat 5. ginn (30,96m).

Resultater Männer:
Bei der Perche Männer huet den LANOTTE Baptiste mat 4,50m eng 3. Plaatz, an den HUTLET Gaëtan mat 4,00m déi 4.Plaatz beluecht.

Iwwer 800m bei den Männer konnt sech den HENSGEN Luc kloer an 1:56,93 durchsetzen.

Am Héichsprong bei den Männer huet den BEBON Quentin mat iwersprongenen 1,96m déi 3. Plaatz beluecht.

Iwwer 1500m bei den Männer huet den HENSGEN Luc iwerraschend an 3:56,71 déi 2. Plaatz beluecht virum BARATTE Andrea an 4:00,00. Domat ënnerstréicht den Luc emol méi sëng aktuell staark Form.

An der 200m Final vun den Männer ass den BEBON Quentin mat 23,34s den 6. ginn.

All d’Resultater kann en héi fannen.


 

Staark Leeschtungen vun eisen Mëttelstreckeleefer

Dës Saison hun eng Reih vun eisen Mëttelstreckenleefer mat staarken Leeschtungen op sëch opmierksam gemaach:

  • Den Luc HENSGEN huet dës Saison grouss Fortschrëtter gemaach an beim Meeting zu Oordegem (B) seng Bestleeschtung iwwer 800m op 1:51,37 verbessert. Beim Meeting zu Rehlingen (D) konnt hien dës Leeschung an 1:51,70 nach eng kéier confirméieren. Domat ass den Luc elo 3. an der éiweger Beschtelëscht iwwer 800m.
  • Den Andrea BARATTE konnt sëng Beschtleeschtung iwwer 1000m bei engem Meeting zu Pliezhausen (D) op 2:25,49 verbesseren. Domat ass hien elo den 2. an der éiweger Beschtelëscht iwwer 1000m.
  • Och zu Rehlingen (D) konnt den Ben SCHMIT (Minime) seng perséinlesch Beschleeschtung iwwer 800m op 2:08,86 steigeren. Dës Leeschtung léisst vir d’Zukunft hoffen.

Eis Félicitatiounen,

Den Comité vum CAS


Neien Héichsprong Landesrekord vum Elodie Tshilumba

Beim Meeting Envol Trophée zu Pierre Bénite (F) huet d‘Elodie TSHILUMBA mat
iwersprongenen 1,85m en neien Landesrekord am Héichsprong bei den Dammen opgestallt.

Domat huet hat seng aal Beschtleeschtung ëm 3cm verbessert.

Félicitatiounen vum CAS!