Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats interclubs jeunes

Leschten Weekend hun mir bei herrlechem Wieder d’championnats interclub des jeunes um Bierg ausgeriicht. E grousse Merci un all eis Benevolen déi gehollef och dësen Meeting rëm gudd iwwer d’Bühn ze brëngen.
Op sportlechem Plang hun mier bei den Jongen eng 5. Plaatz beluecht mat 11481 Punkten. Bei den Meedecher sinn mer leider nët iwwer déi 8. an lescht Plaatz mat 4950 Punkten erauskomm.

All d’Resultater kann en hei fannen. Eng Reih flott Fotoen vum Meeting sinn hei ze gesinn.


Meeting International 2017

Bei der 14. Editioun vun onsem Meeting International konnten mier rëm en staarken Plateau presentéieren:

Iwwer 800m bei den Hären konnt sech den Khaled Benmahdi (ALG) an 1:48,17 durchsetzen. Als Lëtzebuerger Vertrieder hun sech den Charles Grethen (CSL) als 5. and den Luc Hensgen (CAS) als 7. respektabel aus der Affär gezunn.

Iwwer 800m bei den Dammen huet sëch Siham Hilali (MAR) déi 1. Plaatz gesëchert, daat mat engem neien Meeting Rekord vun 2:03,46s.

Am Diskuswerfen bei den Dammen huet Zaneta Glanc (POL) mat engem Worf iwwer 57,88m vir en neien Meeting Rekord gesuegt.

Erfreelëch aus Lëtzebuerger Siicht konnt sëch d‘Patrizia Van der Weken (CAPA) iwwer 100m mat enger neier perséinlecher Beschtzéit vun 11,78s an der Finale durchsetzen.

Allgemeng bleiwt ze hoffen dass an Zukunft méi Lëtzebuerger Athleten den Wee op Schëffleng fannen, vir sëch op dësem Niveau ze moossen.

RTL huet och en flotte Reportage iwwer den Meeting gemaach:

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn hei ze fannen.

Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all den Jugen an Fréiwellegen en grousse Merci soen; ouni dësen Asaatz wir et nët méiglech sou en Meeting duerchzezéihen.

Eng ganz Reih Photoen vum Meeting sinn hei ze gesinn. Och hei en grousse Merci un eis Photografen.

Ob dir bei eiser Tombola gewonnen  hutt, kënnt dir hei gesinn.


Meeting international d’Athletisme de la provence de Liège

  Bei engem internationalen Meeting zu Liège (B) huet den Luc HENSGEN op en néits sëng exzellent Form ënner Beweis gestallt, an iwwer 800m sëng Bestleeschtung op 1:50,04s verbessert.

Daat léisst hoffen dass den Luc op eisem Meeting ënnert engem staarken Feld ët vir d’éischte kéier ënner 1:50 packt. Allez Luc, weider esou !

Weider  Detailer zum Meeting fënnt en hei.