Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Euregio Teamchallenge 2018

No deems mier déi lescht Joeren un der Euregio Team Challenge, engem Mannschaftsmehrkampf wou Equippen aus Déitschland, Belsch, Holland, Frankréich a Lëtzebuerg deel huelen, matgemaach hun wor et dëst Joer un eis vir dëse Meeting um Bierg auszeriichten.

Bei herrlëschem Hierschtwieder woren insgesamt 7 Equippen mat am ganzen 191 Athleten aus 5 Länner um Start. Et goufen jeweils déi bescht Athleten an den Kategorien Débutants bis Master (Fraen an Männer) ermëttelt.

Aus sportlëcher Siicht hun mier am Teamranking insgesamt déi 3. Plaatz erreecht, bei den Fraen déi 4. Plaatz an bei den Männer wor et eng 3. Plaatz.

E grousse Merci un all d’Jugen an Benevolen déi eis eng Hand ugepaakt hun vir dësen gelongenen Meeting auszeriichten.

 

D‘Resultater vum Meeting sinn hei ze fannen.

Eng ganz Reih Photoen vum Meeting sinn hei ze gesinn.

 

Meeting International 2018 Tombola

Hei sinn d’Gewënner vun eiser Tombola vum Meeting International 2018:

826 , 426 , 670 , 540 , 429 , 547 , 1257 , 800 , 680 , 955

D’Gewënner kënnen sëch beim Pierre Hensgen ënnert der Nummer 691570695 oder per email ënnert der Address phensgen@pt.lu mellen.


Meeting International 2018

Och bei der 15. Editioun vun onsem Meeting International woren erëm ganz staark Leeschtungen ze gesinn; dobéi sin nët manner wéi 9 Meetingrekorder opgestallt ginn:

Iwwer 1500m Hären konnt sech den Fouad El Kaam (MOR) an 3:40,56 durchsetzen.

Iwwer 800m bei den Hären konnt sech den Yevhen Hotsul (UKR) an 1:48,17 durchsetzen.

Am Diskuswerfen bei den Dammen huet Kristin Pudenz (GER) mat engem Worf iwwer 60,44m, an bei den Hären den Chad Wright (JAM) mat engem Worf iwwer 65,47m vir en neien Meeting Rekord gesuegt.

Am Kugelstoussen bei den Männer huet den Tsanko Arnaudov (POR) mat engem Stouss iwwer 20,65m den Meeting Rekord geknackt. An dësem staarken Concours wor och eise Lëtzebuerger Meeschter Bob Bertemes (LUX) um Start den op den neits mat 20,47m seng aktuell staark Form ënner Beweis gestallt huet. Allez Bob, du wärts Berlin rocken !

Am Héichsprong bei den Dammen huet Yulia Chumachenko (UKR) 1,93m iwwersprongen; och hei neien Meeting Rekord.

Iwwer 100m bei den Dammen huet Kristal Awuah (GBR) an 11,20s den Meetingrekord verbessert.

Iwwer 400m ass esouwuel bei den Dammen wéi och beid den Hären eng nei Beschtzéit opgestallt gin:
D’Yanique Haye (JAM) ass d’Stadionronn an 52,66s gelaaf, an den Abderrahman Samba (QAT) huet d’400m an 45,33s hannert sech bruecht.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn hei ze fannen.

Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all den Jugen an Fréiwellegen en grousse Merci soen; ouni dësen Asaatz wir et nët méiglech sou en Meeting duerchzezéihen.

Eng ganz Reih Photoen vum Meeting sinn hei ze gesinn. Och hei en grousse Merci un eis Photografen.