Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

MERCI

An dësem Post wëlle mir gläich op e puer Ereegnisser hiweisen, déi an de leschte Wochen hei am Veräin ofgelaf sinn.

Ufänken maachen mir mat enger Gruppefoto vun den Traineren an de Athleten wärend dem Stage zu Düsseldorf.

Wärend enger ganzer Woch hunn de Pierre an de Gilles souwéi de Christophe, hier Athleten op déi bevirstoend Summersaison virbereet. Ënnerstëzt goufen Si vun en etlechen Fräiwëllegen, déi nieft dem alldeeglechen Training fir d’Wuel vun den Jugendlechen gesuergt hunn.

Den 22 Abrëll hat d’LSAP vu Schëffleng e Laf zugonschten vum Télévie op der Liichtathletikspist vum CA Schëffleng organiséiert.

Natierlech hunn och do Fräiwëlleger aus dem Veräin an der Buvette dofir gesuergt, dass keen huet missen hongereg oder duuschtereg Heem goen.

Zesummen mat der LSAP konnt den CA Schëffleng de 27. Abrëll  e Scheck vun 600€  fir den Télévie iwwerreechen.

An och wärend dem ganzen Dag vum 27. Abrëll,  sinn zu Schëffleng op der Gemengeplaz Panescher a Kaffi zugonschten vum Télévie verkaf ginn.

De Veräin seet all den Traineren an deenen etlechen Fräiwëllegen e grousse Merci.

Ouni Si wier dat alles guer net méiglech.

 

Cross Championnat 2019 am Bambësch

Nodeems den 10.03.2019 de Championnat wéinst schlechte Wiederkonditiounen ausgefall war, konnten d’Athleten hir Championnat den 23.03.2019 nohuelen.

D’Fotoen sinn ab elo hei op der Säit ze fannen.

Den CAS um Postlaf

Um Postlaf waren nieft deenen villen Leefer och vill Fräiwëlleger um Rendezvous.
Den CAS huet mat senger motivéierter Equipe, nieft nach villen aneren Fräiwëllegen,
op verschiddenen Plazen dofir gesoucht, dass d’Athleten hier Cours ënner beschten Konditiounen lafen konnten.

Den CAS seet hinnen alleguerten Merci fir hier Hëllef.