Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

CAS on Tour

Den 31. Mai hun mir d’Bofferding’s Braueri zu Bascharage besicht, an konnten eis emol en Androck vun den Produiten maachen déi hei gebraut ginn. Eraus komm ass en flotten Owend mat guddem Iessen an stëmmungsvoller Ambiance. Prost!

Flanders Cup Oordegem

Beim Flanders Cup zu Oordegem (B) woussten 2 vun onsen Athleten mat gudden Leeschtungen ze iwwerzeegen:

– Den Luc Hensgen ass eng 800m an 1:52.38 gelaaf.
– Den Vincent Baratte huet seng 800m an 2:05.69 gefinisht.

D’Resultater vum Meeting kann en hei gesinn.