Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

CAS Meeting International 2019

Bei der 16. Editioun vum eisem Meeting International konnt een emol méi gesinn dass eise Meeting ëmmer méi un Renommée gewënnt, an doduerch ëmmer méi Weltklass Athleten den Wee op Schëffleng fannen. Eng ganz Reih Top Athleten déi schon bei Europa- an Weltmeschterschaften an Olympeschen Spiller Top Resultater bruecht hun woren dëst Joer um Start wéi z.b.:

Taoufik Makhloufi (ALG, Gold iwwer 1500m London 2012, Sëlwer iwwer 800 & 1500m Rio 2016),
Christophe Lemaitre (FRA, Bronze iwwer 200m zu Rio, Europameeschter iwwer 100m/200m)
vir nëmmen déi bekannst ze nennen.

Nët manner wéi 8 Meeting Rekorder sinn dëst Joer geknackt ginn:

– 100m Männer; Jeff DEMPS (USA) an 10″21 (Meeting Rekord agestallt)
– 200m Männer; Christophe LEMAITRE (FRA) an 20,66
– 400m Dammen; Medeline PRICE (CAN) an 52,59
– 800m Männer; Yassine HETHAT (ALG) an 1:45,58
– 800m Dammen; Olivia BAKER (USA) an 2:02,11
– 1500m Dammen; Georgia GRIFFITH (AUS) an 4:11,35
– Kugelstoussen Männer; Chukwuebuka ENEKWECHI (NGR) mat 21,80m (PB)
– Diskus Dammen; Marike STEINACKER (GER) mat 61,98m

Aus Lëtzebuerger Siicht bleiwt am Kugelstoussen den Bob Bertemes ze nennen, den mat 21,55m an engem ganz spannenden Concours déi 2. Plaatz gemaach huet.
Iwwer 1500m bei den Fraen wor d‘Vera Hoffmann um Start. An engem ganz staarken Feld konnt d’Vera eng exzellent 4. Plaatz an 4:16,31 errechen.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn um LIVE-PORTAL oder via PDF noozekucken.

Flott FOTOEN vum Meeting SINN HEI ZE GESINN.

Och dëst Joer hun ërem eng grouss Zuel vun Jugen an Fréiwellegen matgehollef dass och déi 16. Editoun en vollen Erfolleg ginn ass. Op dësem Wee wëllen mir alleguer en ganz groussen MERCI soen.

D’Gewënner vun eiser TOMBOLA ginn HEI ANNONCÉIERT.

CAS on Tour

Den 31. Mai hun mir d’Bofferding’s Braueri zu Bascharage besicht, an konnten eis emol en Androck vun den Produiten maachen déi hei gebraut ginn. Eraus komm ass en flotten Owend mat guddem Iessen an stëmmungsvoller Ambiance. Prost!