Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

90 Joer Cercle Athletique Schifflange

Viirun 90 Joer hun e puer onermittlech Liichtathletikbegeeschterter den C.A.S. an d’Liewen geruff, an mat ganz vill Asaatz an enger Visioun den Grondsteen zum heitegen Traditiounsverain geluecht. Op Määrtesbierg goufen Stecker gelount, an di éischt ongeféier 200m laang Piste gouf nach mat Piousch a Schëpp, an vill Schweess färdeggestallt. Den C.A.S. hat domat seng Heemecht um Bierg fond, wou haut den Stade Jean Jacoby steet.

A wann dës Plaatz kinnt Geschichten erzielen iwert all di Joeren di duerno koumen, mat all den Emotiounen, Triumpher an Nidderlaagen, Ausbauaarbechten, onermittlech an haard Traininger, Comitesversammlungen, Meetinger, dann denkt voller Dankbarkeet automatesch un all dei Menschen dei duurch hiren Asaatz an hir Visiounen den C.A.S. zu deem gemaacht hun waat en haut ass.

Dovir hun mer e klengen Film zesummegestallt, den e puer Momenter an der laanger Geschicht vum C.A.S. soll weisen. Vléicht fënnt sëch jo den een oder aaneren doran ërem

E puer Fotoen vun der 90-Joer Feier sinn hei ze fannen: 

Den Comité vum CAS seet mat déiwem Respekt all deenen Leit Merci déi den CAS an sengen 90 Joer mat Root an Doot ënnerstëtzt huet.

CAS Meeting International 2019

Bei der 16. Editioun vum eisem Meeting International konnt een emol méi gesinn dass eise Meeting ëmmer méi un Renommée gewënnt, an doduerch ëmmer méi Weltklass Athleten den Wee op Schëffleng fannen. Eng ganz Reih Top Athleten déi schon bei Europa- an Weltmeschterschaften an Olympeschen Spiller Top Resultater bruecht hun woren dëst Joer um Start wéi z.b.:

Taoufik Makhloufi (ALG, Gold iwwer 1500m London 2012, Sëlwer iwwer 800 & 1500m Rio 2016),
Christophe Lemaitre (FRA, Bronze iwwer 200m zu Rio, Europameeschter iwwer 100m/200m)
vir nëmmen déi bekannst ze nennen.

Nët manner wéi 8 Meeting Rekorder sinn dëst Joer geknackt ginn:

– 100m Männer; Jeff DEMPS (USA) an 10″21 (Meeting Rekord agestallt)
– 200m Männer; Christophe LEMAITRE (FRA) an 20,66
– 400m Dammen; Medeline PRICE (CAN) an 52,59
– 800m Männer; Yassine HETHAT (ALG) an 1:45,58
– 800m Dammen; Olivia BAKER (USA) an 2:02,11
– 1500m Dammen; Georgia GRIFFITH (AUS) an 4:11,35
– Kugelstoussen Männer; Chukwuebuka ENEKWECHI (NGR) mat 21,80m (PB)
– Diskus Dammen; Marike STEINACKER (GER) mat 61,98m

Aus Lëtzebuerger Siicht bleiwt am Kugelstoussen den Bob Bertemes ze nennen, den mat 21,55m an engem ganz spannenden Concours déi 2. Plaatz gemaach huet.
Iwwer 1500m bei den Fraen wor d‘Vera Hoffmann um Start. An engem ganz staarken Feld konnt d’Vera eng exzellent 4. Plaatz an 4:16,31 errechen.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn um LIVE-PORTAL oder via PDF noozekucken.

Flott FOTOEN vum Meeting SINN HEI ZE GESINN.

Och dëst Joer hun ërem eng grouss Zuel vun Jugen an Fréiwellegen matgehollef dass och déi 16. Editoun en vollen Erfolleg ginn ass. Op dësem Wee wëllen mir alleguer en ganz groussen MERCI soen.

D’Gewënner vun eiser TOMBOLA ginn HEI ANNONCÉIERT.