Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Cross 4 – CAPA 2022

Beim leeschten Cross fir d’Joer 2022 war den Depart zu Ettelbreck op den Daichwissen.
Dësen Cross konnten mir als Veräin vill Podiumsplazen ergatteren.

2. Plaz

  • CALMES Céline bei den Junior fém.
  • BAUM Maeva bei den Espoir fém.
  • SCHMIT Ben bei den Espoir masc.

3. Plaz

  • WELTER Marie bei den Débutantes fém.

Hei fannt der all d’Resultater vum Cross:

PDF: Cross 4 CAPA PDF
Seltec : Cross 4 CAPA Seltec

Cross 3 – CSL 2022

Den 3ten Cross vun der Saison vum CSL war am Bambësch. Dëst mat e puer Ännerungen um Parkour duerch d’Ëmbau Aarbechten vun der Spillplaz.
Eis Athleten hunn sech awer och dëst Kéier gutt aus der Affär gezunn mat gudden Platzeierungen.

Hei fannt der all d’Resultater vum Cross:

PDF: Cross CSL PDF
Seltec : Cross CSL Seltec

Cross 2 – FOLA 2022

Den 2ten Cross dest Saison war dest Joer op der Fola, genauer zu Esch am Ellergronn.
Eis Athleten konnten och hei erem stuark Resultater erzielen.

Bei den Junior Fém. eng gudd 3. Plaaz vum CALMES Céline.
Sou wei och eng 3. Plaaz bei den Espoir Fém. vum BAUM Maeva.
Bei den Débutantes konnten ma dann och nach eng gudd 4. Plaaz firt WELTER Marie erreeschen.

An nach vill weider gudd Resultater vun eisen Athleten fannt der hei  Cross Fola .