Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnat Long Distance + Tageblatt 1 um Stade Jean Jacoby

Den 20.04.2024 hunn mer zesummen mat der R.B.U.A.P de Championnat Long Distance an den Challenge Tageblatt 1 um Stade Jean Jacoby organiséiert.

Um Championnat Long Distance huet Iris Foux bei den  3000m Junior-Meedercher de Championstitel konnte feieren.

Bei de 2000m Minime-Meedercher huet Ilaria Chlecq an enger gudder Zäit vun 07‘27“69 déi ondankbar 4te Platz beluecht, wou hat laang gudde Kampfgeescht bewisen huet an 2/3 vun der Course op der 2ten Platz loung.

Bei den 3000m Minimes-Jongen hat de C.A.S. och mam Schwartz Jonas an dem Tim Heintz 2 Athleten um Start.

All dësen Athleten e grousse Merci fir hiren Asaz !

Duerno war et un eisen Jonken Athleten Kategorie Débutants an Scolaires  Meedecher an Jongen um 1ten Meeting vum Challenge Tageblatt Outdoor 2024 an den Asaz ze goen, wou och Sie gutt Resultater realiséiert hunn.

Och hinnen fir hiren Asaz en groussen Merci.

Net vergiessen och en ganz groussen Merci un all eis Freiwelleg Hëllef fir d’Opriichten an Ofriichten um Terrain, den ganze Catering, Jugen, Büro, Akaf vun den Iess-An Gedrenkssachen.

Den Comité vum C.A.Schëffleng