Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnat des Jeunes op der FOLA den 01 an 02.07.2023

Den C.A.Schëffleng war erem gudd vertrueden mat sengen jonken Athleten op der Jugend-Championnat zu Esch um Galgebierg.

Et goufen och ewei gewinnt gut Resultater realiseiert.

Besonesch eis Juniorin Calmes Céline huet bei sengen 4 Diziplinen emmer den Championstitel konnte feieren. 2mol an den Enzeldiziplinen 400m Junior 59“74 an 800m Junior 2‘19“35 an 2mol mat der Juniorsstaffel 4x400m 4‘16“81  an 4x100m 51“73

Weider gut Resultater goufen realiseiert vun:

  • Juniorin Schevers Laureen mat der 3er Platz bei den 200m Junior an 27“53 an den Championstitelen bei den Juniorsstaffelen 4x400m an 4x100m.
  • Cadette Foux Iris mat Vize-Championne op 800m Cadette 2‘20“11 dei 3te Platz op 400m Cadette 61“34 an och die 2 Championstitelen bei den Juniorsstaffelen 4x400m an 4x100m.
  • Cadette Pütz Nela mat den 2 Championstitelen bei den Juniorsstaffelen 4x400m an 4x100m.
  • Den Cadet Santos Carvalheiro José den Vize-Champion am Drei-Sprong gouf mat gesprongenen 10m48.

Weider Jonk-Athleten am Asatz waren:

Cadet:

  • Costa Ravelino op 200 an 400m

Minime-Meedecher:

  • Schevers Mara 800m,100m Weitsprong an Diskus
  • Chlecq Ilaria 800m

Minime-Jongen:

  • Borodkine Ethan 1000m,Weitsprong,100m an Speer
  • Schwartz Jonas  100m an Speer

Den Comité bedankt sech och bei dene Leit ,dei sech als Bénévol gemelt hatten,an als Juge op desen 2 Deeg am Asatz waren. Ouni desen Asatz keinten esou Resultater dei eis Athleten realiseiert hunn net statt fannen!!

Weider Fotoen fannt Dir och um Site vun der FLA. https://flaphoto.net/photogallery/