Hei fannt dier d‘Resultater an Photoen vum Challenge Tageblatt 2 Indoor (an der Coque) den mir zesummen mat der FLA organiséiert hunn.
Moies haten mir an der Coque och en Kidscup organiséiert wou ronn 150 kleng Noowuesathleten (20 Equippen) deelgeholl hunn.
Insgesamt hun mir un dësem Daag knapps 550 Kanner encadréiert (ronn 400 um Tageblatt). Daat ass natierlech nëmmen méiglech mat der Hëllef vun villen Fréiwellegen.
Dovir wëllen mir op dëser Plaatz all den Jugen an Fréiwellegen en dëcke Merci soen vir hiren Asaatz. Nëmmen durch dësen Asaatz ass et méiglech sou eng Manifestatioun mat Erfoleg durchzezéihen.
Also, en ganz groussen Merci vum CAS !